Luxembourg Lions Dodgeball Club

Den éischten Dodgeball Club zu Lëtzebuerg

Wat ass Dodgeball?

De Sport vum Dodgeball ass an de leschte Joren an Europa ëmmer méi populär ginn. Zënter Juni 2019 ass d’Europäesch Dodgeball Federatioun (EDF) Member vun der World Dodgeball Federation (WDBF), a bedeelegt sech u weltwäite Competitiounen.

Dodgeball ass en Teamsport, an deem d’Spiller d’Bäll déi vun de Géigner geschoss ginn auswäichen oder opfänke mussen, wärend se probéieren hir Géigner och ofzeschéissen. D’Zil vum Spill ass all d’Géigner ze eliminéieren andeems se se mat Bäll ofschéissen, oder d’Bäll opfänken déi op si geworf ginn. Dodgeball gëtt an Teams vu sechs Spiller mat fënnef Bäll gespillt.

Iwwert eis

Mir sinn zënter Februar 2024 offiziell den éischte Lëtzebuerger Dodgeball Club. Dodgeball hu mir wärend eise Studien an Holland an a Groussbritannie kennegeléiert. Mir hu fréier an der hollännescher an der englescher Dodgeball-Liga gespillt an e puer vun eis hu souguer un internationale Competitioune wéi dem Western European Championship (WEC) deelgeholl. Mir hu beschloss, de Sport no eisem Studium mat op Lëtzebuerg ze bréngen an eis eegen Associatioun ze grënnen. Seit Juni 2024 si mir och offiziell een Deel vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

Nieft Trainingen a Competitiounen organiséiere mir reegelméisseg sozial Eventer fir eis Memberen. Schéckt eis gären eng E-Mail wann dir matmaache wëllt. Jiddereen iwwer 16 Joer, mat oder ouni Erfarung, ass wëllkomm.

Trainingen

Mir trainéieren all Méinde vun 19:00-20:30 an der Stad (Ecole de GRS Luxembourg, 30 Bd Pierre Dupong, L-1430 Hollerich Luxembourg). Wann dir wëllt op ee vun eisen Traininge kommen, da kontaktéiert eis op contact@dodgeball.lu oder kommt an eis WhatsApp Community iwwert de QR-Code hei drënner, wou dir Iech och kennt fir d’Trainingen umellen. Jidderee ka gratis bei 2 Traininge matmaachen an duerno muss een dann offiziell Member ginn. D’Optioune fir d’Membere fannt dir ënnert “Member ginn”.

Plang fir bei d'Hal

QR-Code fir d'WhatsApp Community

Member ginn

 Fir Member ze ginn, musst dir op d’mannst 16 Joer al sinn. Déi éischt zwee Trainingen si fir näischt, duerno muss een dann offiziell Member ginn. Dir hutt de Choix tëscht enger kompletter Memberskaart inklusiv enger offizieller Lizenz, dir kennt fir eenzel Traininge bezuelen, oder dir kennt ee Package kafe fir op 5 oder 10 Trainingen ze kommen. D’Präisser fir déi verschidden Optiounen fannt dir an der Tabell hei drënner. Klickt hei fir Iech anzeschreiwen.

Optioun Präis Beschreiwung
Memberskaart
60€
Mat enger Memberskaart kennt dir déi ganz Saison iwwer op Trainingen a sozial Eventer kommen. Mat der Memberskaart kritt dir och eng offiziell Lizenz déi nach eng zousätzlech Assurance offréiert am Fall vun enger Verletzung.
1 Training
3€
1 eenzelnen Training (ka fir all Training benotzt ginn)
5 Trainingen
12€
5 eenzel Trainingen (kënne fir all Training benotzt ginn)
10 Trainingen
20€
10 eenzel Trainingen (kënne fir all Training benotzt ginn)

Kontaktéier eis

Hutt dir Froen? Kontaktéiert eis direkt per E-Mail, iwwert sozial Medien oder fëllt de Kontaktformular aus.

Please enable JavaScript in your browser to complete this form.
Name